top of page

DÄISCHTER GEDANKEN

Däischter Gedanke sinn a mir dran,

Wéi Haass an Hëlleflosegkeet.

Och Trauregkeet spieren ech ganz oft

A fille mech da ganz eleng.

 

Et ass sou schwéier ech ze sinn,

Ech hunn d’Gefill – d’ass alles falsch.

An och am Schlof fannen ech keng Rou.

D’Gedanken kreesen an den Dreem.

​

Refrain:

Wann alles verseet

A keen dech versteet

Ech si fir dech do

A lauschteren dir no.

​

A wann ech net méi viru weess

Ech traureg sinn – an näischt méi well man

An da gesinn ech dech – an all déi, déi fir mech do waren

Ech kucke ronderëm a weess;

Meng Frënn loosse mech ni am Stach.

 

Refrain

bottom of page